



Wat mécht deen Ausserierdeschen
an dengem buch?
En Ausserierdeschen huet eng Bruchlandung higeluecht – rangpang matzen an dengem Buch!
Besser, du hëllefs him direkt erëm hannescht an de Weltraum. Well en Ausserierdesche gëtt dach op eisem Planéit net eens ...
oder?
ISBN : 978-2-9198-1380-3
Präis : 16 €
Vu 4 Joer un

Wat mécht deen Dinosaurier
an dengem buch?
E klengen Dinosaurier trampelt duerch däi Buch – a mécht dobäi e schreckleche Kaméidi! Kanns du hëllefen, hien ze berouegen?
Soss erwäche mir op eemol nach dee GROUSSEN DINOSAURIER.
ISBN : 978-2-9198-1367-4
Präis : 16 €
Vu 4 Joer un

Wat mécht dee Wollef an dengem buch?
D’Monster, den Draach, de Marsmännchen an d’Hex hu grad eng Geschicht geschriwwen!
Sprang emol an d’Buch a géi mat hinnen op Entdeckungsrees ...
awer huel dech an Uecht virum ROUSSE BÉISE WOLLEF!
ISBN : 978-2-9198-1366-7
Präis : 16 €
Vu 4 Joer un

Wat mécht dee Bier an
dengem Buch?
PSCHT!
Et ass e klengen, midde Bier an dengem Buch!
Kanns du hie prett maache fir an d’Bett?
ISBN : 978-2-9198-1335-3
Präis : 15 €
Vu 4 Joer un

Wat mécht dat Jippelchen an dengem Buch ?
Kanns du dem Supermenn hëllefen, dat schrecklecht Krozelkett ze verjoen?
ISBN : 9782919813544
Präis : 16 €
Vu 4 Joer un