De Wollef an d'Dinosaurier
​
De Wollef schwäermt fir d’Dinosaurier.
Hie weess alles iwwer se.
​
Op d’mannst huet en dat ëmmer gemengt. Bis en enges Daags e gelungent
Ee fënnt, aus deem op eemol grad esou e gelungenen Dinosaurier erausluusst.
Wat soll en nëmme mat deem Klenge maachen? En hanneschtbréngen an
d’Land vun den Dinosaurier, wat soss!
​
​
ISBN : 978-2-9198-1357-5
Präis : 14 €
Vu 4 Joer un
De Wollef fënnt e Schatz
Enges Daags fënnt de Wollef eng Këscht voller Goldstécker am Bësch.
De Meeschter Eil warnt en: Geld eleng mécht net glécklech!
Ma de Wollef lauschtert net op hien a keeft sech alles, wourop e grad Loscht huet: Gezei, Iessen, Spillsaachen …
​
Mee ass en um Enn wierklech méi glécklech?
​
ISBN : 978-2-9198-1358-2
Präis : 14 €
Vu 4 Joer un
De Wollef deen d’Sprooch verluer hat
Enges Mueres erwächt de Wollef ouni Stëmm. E ka maachen, wat e wëll, et kënnt keen Toun aus senger Schnëss. Wéi wa bannen an em dran en décke Knuet wier …
Mat der Hëllef vu senge Frënn an engem drolegen Zauberer fënnt e seng
Sprooch erëm.
Kënnt elo säi klengt Geheimnis un d’Liicht?
​
ISBN : 978-2-9198-1336-0
Präis : 13,50 €
Vu 4 Joer un
De Wollef deen net méi wollt zu Fouss goen
Entdeck d’Geschichte vum Wollef an engem Buch,
wou s de mat de Fangerspëtzen alles ertaaschte kanns.
De Wollef wëll net méi zu Fouss goen.
​
E Vëlo, Schi oder e Moto sinn dach méi flott, fir vun der Plaz ze kommen.
Ma de Wollef muss erkennen, datt engem net ëmmer alles Mooss ass ...
​
ISBN : 978-99959-5691-2
Präis : 14,90 €
Vu 4 Joer un